D'Geheimnis vum Schlass:

en Theaterstéck vum Gilles Hoffmann

an der Regie vum Roland Meyer.

De 29.3.99, den 30.3.99,

den 31.3.99 an den 1.4.99
huet eise Grupp am ganzen 5 Mol

dëst Theaterstéck virun insgesamt

iwwer 1400 Zuschauer opgefouert.
D'Liz an de Pol langweilen sech an der Vakanz doheem.

Si decidéieren op d'Buerg spillen ze goen.

Do fannen si an engem alen Tuerm en déiwe Schacht.
Den Dag drop klammen

si déi éischte

Kéier dat däischtert Lach erof.
Ënnen ass et kal a naass, Gespenster

bloossen hinnen d'Käerzen aus.

Hier Eltere waarden emsoss op si,

d'Kanner wärte nach esou bal net erem sinn.
Wat de Kanner alles geschidd,

kënnt dir am Gilles Hoffmann

séngem flotte Buch

"D'Geheimnis vum Schlass"

noliesen,

dat bei den Editions SNE

erauskomm ass.
Wëll dëst d'Theaterstéck

d'Nokuckerten déiw ënnert de

Buedem féiere sollt,

hu mir missen eng ganz komplizéiert

Bühn opriichten.

Mir hun dofir eng Stee opgebaut,

déi bis ënnert

den Daach vum

Centre Culturel gereecht huet.
D'Schminken ass ëmmer

eng flott Saach:

déi eng Kanner si begeeschtert,

déi aner haassen et!
Dat si nawell zwee Aartlecher!

Lénks de Gilles Hoffmann:

Hien huet d'Stéck geschriwwen

an sech em dat fantastescht

Bühnebild gekëmmert.

Riets de Roland Meyer:

hien huet d'Regie gefouert,

sech em d'Technik gekëmmert

a fir d'Organisatioun gesourgt.
An hei gesi mir d'Coby

bei der Aarbecht: hatt schminkt

net nëmme, hatt ass och nach

eise Maskottchen!
Esou verdaddert wéi

den alen Zauberer waren

eis Nokuckerte net!

Hinnen huet et all

gutt gefall, an déi meescht

hu versprach, dat nächst Joer

nees ëremzekommen.
Dëst si net

d'Massendénger beim

Här Paschtouer, mee

eis Gespenster, déi vum

Roland Meyer nach lescht

Uweisunge kréien.
Hei fängt de Jacques

geschwënn un,

queesch ze ginn,

wëll de Julien als

Gespenst him

ëmmer d'Käerz

ausbléist.
An d'Myriam ass ganz

trauereg, datt den

Theater elo eriwwer ass!