BEI DER DAIWEL



Et ass net fir den Däiwel un d'Mauer ze molen, mee am Juni 2003 war et endlech esou wäit:

BEI DER DAIWEL


zu Housen am Centre Culturel.




HEI D'FOTOEN VUN DER WENTGER VIRSTELLUNG




INFO



Mat der Ënnerstëtzung vun «Isléck ohne Grenzen Ewiv», dem Unterrichtsministère, dem Gemengesyndikat «S.I.S.P.O.L.O.» an der Elterevereenegung «A.P.E.P.H.» gëtt de Musical «Bei der Däiwel» zu Housen am Centre Culturel opgefouert :

Freides, den 13.6.2003 um 14.15 Auer;
Sonndes, de 15.6.2003 um 17.00 Auer;
Méindes, de 16.6.2003 um 14.15 Auer;
Mëttwochs, den 18.6.2003 um 14.15 Auer;
Freides, den 20.6.2003 um 14.15 Auer
a Freides, den 20.6.2003 um 19.30 Auer.
a nach dräi EXTRAVIRSTLLUNGEN
mat der Virstellung vum Roland Meyer séngem neie Kannerbuch « Iwwer der Leeder ».

Informatiounen a Reservatiounen (fir d'Schoulklassen) ënner 929598-238 oder 920395 .

ONLINE INFORMATIOUNEN A RESERVATIOUNEN

OCH DEST JOER
THEATERKOLONI OP DER PAFEMILLEN
23. bis 25. Mee 2003


All d'Schoulen kréien e Videofilm vum Musical „Am Land wou de Peffer wiisst“ vum leschte Joer fir näischt.



Och dëst Joer hu mir nees
d'Kulisse selwer gemaach.
Hei fand dir d'Biller!





Mir maachen eis dann op eng Rees ganz déiw an de Buedem,
do wou et kacht, do wou et gliddeg ass, do wou alles anescht ass wéi hei bei eis!

Traut Dir Iech fir matzekommen?
Sidd dir esou dichteg??
Gutt, da gesi mir eis am Juni 2003 zu Housen!

A maacht Iech op eppes gefaasst!

DO ASS DER DÄIWEL LASS!!!





An dat hu sech d'Kanner
aus dem Här Walisch sénger Klass ënnert dem Titel "Bei der Däiwel" virgestallt...



Hei dien éischten Textextrait vum neie Musical...



Hei d'Fotoen vun der Prouw vum 2.4.2003



An hei d'Rollen aus diem neie Musical...



An hei weider Informatiounen iwwer dien neie Musical...



Bis elo hunn d'Kanner nach ëmmer eis Plakate vun de Musicale gemoolt.
Dat soll och dëst Joer esou sinn!
Wat fällt iech bei dem Titel - Bei der Däiwel - alles an?
Moolt Biller a schéckt se op folgend Adress.
Dat flottste Bild kënnt op d'Plakat an de Gewënner kritt flott Bicher...
Also op alle Fall matmaachen!

KLICKT HEI FIR D'BILLER ZE KUCKEN, DÉI SCHONNS AGESCHÉCKT GOUFEN!

KLICKT HEI FIR GEWUER ZE GINN; WIE GEWONNEN HUET!



Mam Holzwuerm iwwer den Dag - Wanter 2002/2003