MOLCONCOURS 2004
Ganz vill Kanner haten dëst Joer matgemaach!
A ganz vill waren der och nees op Weller komm, fir de Film vum leschte Joer ze kucken, a fir ee vun de Präisser sichen ze kommen.
An hei sinn d'Gewënner vun dësem Joer:
de Metty an de Gilles!
En décke Bravo fir si!!!
Oktober 2003:
Den Holzwuerm organiséiert och dëst Joer nees e Molconcours fir den Theater.
Am Mee 2004 spille mir iewer net nëmmen Theater, mee mir oganiséieren e ganzen Schoultheaterfestival...
SPRING AUF!!!
soll en heeschen, an zesumme mat:
Islek ohne Grenzen Ewiv
SISPOLO, SIVOUR, Ministère de l'éducation nationale,
de Schoulen - Gemeindeschulen Burg-Reuland
- Pfarrer-Michael-Bormann-Grund- und Hauptschule Daleiden
- Ecole centrale Parc Hosingen Hosingen
Bureau LEADER Munshausen, Europäesch Kommissioun – Bureau Lëtzebuerg
an den Theaterequippen
Agora, Überzwerg, Theatrino, Kannertheateratelier, Jaddermunnes...
wëlle mir d'EU.-Erweiterung feieren.
Wann dir eppes afällt zum Thema, SPRING AUF!, da mol eis dat op een Zeecheblat. Vläicht kënnt däi Bild op e Plakat an du kanns CD-Playeren, e ganze Koup Bicher an och nach aner flott Präisser gewannen.
Bis den 12.12.2003 solls du däi Bild beim Roland Meyer ofginn hunn, dann hues du all Chancen..... a wie wees!!!........!