MAM HOLZWUERM IWWER DEN DAG




Mir prouwen ëmmer mëttwochs. Dat ass fir eis eis dann dien eenzegen Dag, wou mir och mëttes an der Schoul sinn, wëll mir normalerweis all mëttes fräi sinn. Dofir hu mir da moies ëmmer fënnef Stonne Schoul a mir si samschdes net fräi. Mee mir fannen die System iewer ganz an der Rei!



Moies sëtze mir an der Schoul a mir schreiwe fransëisch Exercissen a mir rechnen eis dout. Dat ass net ëmmer flott, mee et muss sinn! Dat mengen eis Schoulmeeschteren an eis Jofferen esou...
Mir mengen dat net ëmmer!



Mir schreiwen a mir schreiwen. Heiansdo kréien déi fënnef Stonne moies keen Enn! Da muss d'Joëlle beim Steffi luussen an d'Steffi knabbert u sénge Fanger. Dem Irina ass dat ganz egal! Hat schafft wéi kloer rosen.



D'Schoulmeeschteren an d'Joffere mussen esou ee laangen Dag natiirlech gutt virbereeden. Dofir mussen si vill schwätzen.
Hei erklärt d'Joffer Bruna dem Här Thierry emol esou richteg, wéi ee mat de Kanner schaffe muss. Do staunt hien zerguddst!



Eis Kanner sinn immens fläisseg!
D'Irina an d'Jasmine schaffen onheemlech a loossen sech vun diem Tapage lénks a riets net aus der Rou bréngen.
D'Romaine an d'Steffi huelen dat net esou genee.
Bestëmmt pësperen si nees iwwer d'Jongen...





Et gëtt och just heiansdo eng kuerz Paus gemaach.
An och dann, esou gesäit et emol aus, rechnen d'Kanner weider...
oder wat hat dir gemengt???



De Nico an den Thierry sinn hei am gaange mat de Kanner ze schaffen.
Wëll et wichteg ass, wa si beim Theaterspillen den Text gut kennen an d'Wierder propper ausschwätzen,
muss dat och gutt a laang trainéiert ginn.



An hei gëtt schonns Theater gespillt.
Wann de Christopher sech net geschwënn zitt, da gëtt de Steve him eng op d'Nues.



Eng mega-cool Equipe: de Steve, den Eric a nach en Eric!
Si sinn och ënnert dem Numm Chaostrupp bekannt!




Wann déi eng spillen, kucken déi aner no!



Sou, an elo séier zréck an d'Klass. Elo ginn zesummen d'Hausaufgabe gemaach!
De Christopher kënnt alt op der Bull an de Sall gerullt.



Wa mir heem kommen, sollen déi meeschten Aufgabe gemaach sinn.
Wann eng Kéier eppes net kloer ass, kann een ee vun de Schoulmeeschteren oder eng vun de Joffere froen.
Meeschtens kritt een dann och eng Äntwert...



An elo ass et 15.30 Auer an de Bummelbus waart schonns op eis virun der Schoul.
Geschwë si mir doheem. An da gëtt nach weider jongléiert.



ZRECK