Hei déi éischt Szen
aus diem neie Musical. Wëll dier méi gewuer ginn, da kommt am Juni op Housen...
Bei der Däiwel!
1. Deel:
1. Ëmmer op déi Kleng
Op der Bün ass et ganz däischter. Op eemol héiert een
e Kräische vun dier enger Säit (Diago). Dann e Kräische vun dier anerer Säit
(Diaga). Elo geet lues a lues d'Luucht un: mir sinn an der Hell. Op all Säit
vun der Bün sëtzt e klengen Däiwelchen a kräischt.
Et kommen dräi aner Däiwelen eran. (Luzi, Luzette,
Luzetto)
Luzi:
Natiirlech, nees den Diago (weist bei den
Diago)...
Luzetto:
... an d'Diaga! (weist bei d'Diaga)
Luzette:
Eis klengsten Däiwelcher! Si kënnen se iewer och ni mat Rou loossen!
Luzi
(geet bei den Diago): Waren et nees
d'Diaboloen?
Diago:
am Plaz vun enger Äntwert kräischt hie
nach méi haart a wénkt "jo" mam Kapp.
Luzetto
(geet bei d'Diaga): Also d'Diaboloen,
d'Diaboloen?
Diaga: am Plaz vun enger Äntwert kräischt hatt nach méi haart a wénkt
"jo" mam Kapp.
Luzette:
Ëmmer op déi Kleng! An dobäi wëllen eis Diaboloen esou Dichterger sinn. An dann
trauen se sech just un déi zwee klengsten Däiwelcher, déi mir hei an der Hell
hunn, dien aarmen Diago an dat armend Diaga. Wat een Aarmut!
Déi dräi Chaos-Geeschter Archibald Westminster, Donald
Eastmoore a Reginald Southside kommen eran.
Archibald
Westminster: Total cool hei an der Mëttelhell. Bonjour, dir Damen an dir Hären,
ech sinn den Archibald Westminster, e Chaos-Geescht.
Donald
Eastmoore: An ech sinn den Donald Eastmoore, och e Chaos-Geescht.
Reginald Southside: Reginald Southside ass mäi
Numm, an dir hutt et geroden als Chaos-Geescht kommen ech hei geflunn.
Archibald Westminster: Cool, hein?
Donald
Eastmoore: Total voll cool!
Reginald Southside: Décke Gaass!
Luzette: Loosst eis mat Rouh!
Donald Eastmoore: Haal se zou, domm Kou.
Chaos-Geeschter kann een zu all Moment gutt gebrauchen. Total gutt gebrauchen!
Luzette: Mee net elo! Et gëtt ëmmer schlëmmer
mat den Diaboloen. Si menge wat se wiren, nëmme wëll si Diaboloe sinn, kënnen
si sech dach net esou behuelen. Mir mussen eppes ënnerhuelen.
Luzi:
Luzette, et huet kee Wäert sech ze bekloen. Esou ass d'Liewen hei an der Hell.
Luzette:
Esou ass d'Liewen hei an der Hell! Wann ech dat scho nëmmen héieren...
Luzetto:
Ma Luzette, wat wëlls de dann domadder soen, domadder?
Luzette:
Mir Däiwelen mussen anscheinend béiss, hannerhälteg a nidderträchteg sinn,
nëmme wëll dat schonn ëmmer esou war.
Archibald
Westminster: Total béiss, hein!
Donald
Eastmoore: An total voll hannerhälteg!
Reginald
Southside: An total nidderträchteg! Décke Gaass!
Luzetto:
Jo, esou hu mir et geléiert, jo geléiert.
Luzette:
Geléiert, geléiert... dat ass mir egal. Ech hu keng Loscht ëmmer béiss,
hannerhälteg a nidderträchteg ze sinn. Dat ass langweileg an iwwerhaapt net
cool.
Archibald
Westminster: Total langweileg, hein!
Donald
Eastmoore: Total voll cool!
Luzi:
Bass du geckeg? Een Däiwel ass just een Däiwel, wann e béiss, hannerhälteg a
nidderträchteg ass. Esou steet et an allen ale Bicher.
Luzette:
Ma Luzi, et geet dach net datt een esou aarm Däiwelcher wéi den Diago an Diaga
pisackt an da seet, dat misst esou sinn, wëll mir ebe Däiwele sinn an déi musse
béiss, hannerhälteg a nidderträchteg sinn - wëll et esou an de Bicher steet.
Luzetto: Ou, ech hat gemengt dat wir esou, jo, dat
wir esou?!
Luzette: Luzetto, dann iwwerlee emol just ee
Meter... en Däiwel muss béiss, hannerhälteg a nidderträchteg sinn, wann e wëllt
ee bedupsen, die méi staark ass wéi hie selwer...
Luzetto: ei, ei, Sir! Dat ass kloer wéi
Kloosbritt, Kloosbritt!
Luzette: ... mee et ass een och als Däiwel dach
fein mat méi Schwaachen!
Reginald
Southside: Total voll Schwaachen!
Luzetto: Dat liicht mer an, jo, dat liicht mer an.
Archibald
Westminster: Dat do ass jo eng schwéier Diskussioun, Madame! Totale Megachaos,
hein!
Luzetto:
Hal dech do eraus, Archibald. Dovunner verstidd dir Chaos-Geeschter näischt, jo
dovunner verstidd dir näischt.
Donald
Eastmoore: Nu maacht iewer emol e Punkt. E Chaos-Geescht versteet vun alles eppes.
Ass dat kloer, total voll kloer?!
Luzette:
Chaos-Geeschter sinn do fir ze nerwen. An dat kënnt dir dräi Chaos-Bridder
total gutt.
Reginald
Southside: Total gutt, total gutt... Dat hutt dir schéi gesot, Madame. Décke Gaass!
Elo kommen
zwee Hellburger-Verkeefer am Bauchbutteker eran.
Hellburger-Verkeefer 1: Hellburger, Hellburger,
kaaft Hellburger, da sidd der cool.
Hellburger-Verkeefer 2: Hellburger, Hellburger,
kaaft Hellburger, da sidd der cool.
Luzi: Komm, Diago, ech kafen dir en Hellburger, da
geet et nees besser.
Den Diago steet op a laacht.
Luzetto:
Komm Diaga, ech kafen dir en Hellbuerger, da bass du nees frou, jo nees frou.
Och d'Diaga steet op a laacht.
Luzette: Bei der Däiwel mat äre blöden Hellburger.
Hellburger-Verkeefer 2: Ma sot, Madame, wëll dir
elo behaapten, méng Burger wiere net gutt?
Archibald
Westminster: Total gutt, hein!
Donald
Eastmoore: Total voll cool !
Reginald
Southside: Décke
Gaass!
Hellburger-Verkeefer 1: Dir fand déi Hellburger
also net gutt?
Luzette: Nee, nee, esou war dat net gemengt...
Hellburger-Verkeefer 2: Madame, wat hunn ech do
héieren?
Luzette: Also, ech wollt soen: ... Wat sollen Är
Burger da schonns ausmaachen, wann déi topech Diaboloen esou aarmen Däiwele
pisacken, wéi déi zwee elei?
Hellburger-Verkeefer 1: Hellburger hëllefe bei
alles, bei Kappwéi, Bauchwéi a Reckwéi. E gudden Hellburger, da braucht dir
keen Téi!
Luzette: Elo hunn ech es genuch!
Hatt leeft vun der Bün.
ãRoland Meyer