Ma géi dach an d'Land wou de Peffer wiist...
Wéi dacks héiert een dëse Saz? An déi meescht Leit, déi e gebrauchen, wësse net, wéi geféierlech esou e Saz ka sinn!
Stellt Iech emol vir, et ging wiirklech esou ee Land ginn! Ma do wir et iewer
flott ... do gingen dann all déi Aarmeséilech, déi Komesch, déi Friem, déi
Halwerweisen, déi Stoussneckelen, déi Bosseg, déi Fatzerten, déi Trëllerten,
déi Päifen, déi Tutebattien, déi Hingermischen, déi Sabbeler, déi
Ierbëssenzieler, déi Muerdentrëppler, déi Toperten oder wéi Dir se och ëmmer
nennt, higeschéckt - all zesummen!
A just an diem Land spillt eist neit Theaterstéck:
"Am Land wou de Peffer wiist". Ma do ass jo
schéin eppes lass! Nëmmen, wann all DÉI fort sinn, wann all DÉI net méi
hei sinn, dann ass et bei eis iewer och ganz schéi langweileg, oder ... ?