Am Land wou de Peffer wiist

 

 

1.   Wéi langweileg

 

Et spillen an dësen Szenen:

Hexemeeschter

Hexemeeschtesch

Michel

Jeannie

Edith

Véronique

Annarita

Annamaria

Annabella

 

 

 

An der Hexeschoul sëtzen siwe Kanner: Michel, Jeannie, Edith, Véronique, Annarita, Annamaria, Annabella

 

Annabella: Annarita, ech hu gëschter mam Paul geschwat, an hie seet …

 

Annarita: Annabella, hues du mam Paul geschwat, ou, a wéini dann?

 

Annamaria: Ma Annarita, gleew dem Annabella dach näischt, hat wëllt dech just jalous maachen.

 

Annabella: Annamaria, hal du dech do eraus, dat geet dach guer näischt un.

 

Annarita: Ma Annabella, natiirlech däerf d’Annamaria séng Meenung soen. Du hues him net de Mond ze verbidden.

 

Annamaria: Do hues de Recht, Annarita! D’Annabella huet, wéi et schingt, net gär, wann een him widersprëcht.

 

Annabella: mécht d’Annamaria no  D’Annabella huet, wéi et schingt, net gär, wann een him widersprëcht. So, wëst dir wéi et elo ass: dir kënnt mech emol.

 

Véronique: Et ass iewer och ëmmer dat selwecht, mat eisen dräi Annaën: éiweg hu se sech an den Hoer. So musst dir eigentlech ëmmer streiden?

 

Annabella: Mir hunn dach elo net gestridden, oder?

 

Annarita: Ma sëcher hu mir elo gestridden!

 

Annamaria: Wien huet da behaapt, mir géifen ëmmer streiden?

 

Annabella: Ma dat war dat verlugend Annamaria!

 

Annamaria: Wat, ech? … Elo gëtt et iewer Zäit! Esou eppes hunn ech ni gesot.

 

Annarita: Ma wëst dir, wéi et elo ass: dir kënnt mech emol.

 

Véronique: Ech mengen, si léieren et ni.

 

Jeannie: So Michel, den Hexemeeschter an d’Hexemeeschtesch si nach net do, solle mir de Kessel net emol ausprobéieren?

 

Michel: Ech wees et net, Jeannie, du wees dach, datt mir net …

 

Jeannie : Du wees dach, du wees dach ! Papperlapapp! Michel, du bass en décke Fäerdaasch ! Esoulang den Hexemeeschter net hei ass, kënne mir maache wat mir wëllen.

 

Edith: A wat soll da scho geschéien? Dien ale wëllt eis dach just Angscht maachen, wann hien eis warnt, net mam Kessel ze spillen!

 

Véronique: mécht den Hexemeeschter no    An da musst dir d’Fangeren eweg loosen vum Kessel, Kanner. Mat esou eppes ass net ze spaassen!

 

Edith : mécht och den Hexemeeschter no  Dat ass en zeriéist Zaubergeschier fir zeriéis Zauberer an Hexen. Vill Schüler, déi domadder gespillt hunn, si net méi eremkomm …

 

Jeannie: … oder sin a Spannen …

 

Véronique: … oder a Schleeken …

 

Jeannie: … oder a Bluttegele verwandelt gin. An da si se …

 

Edith : … an da si se vun de Mënschen futtigetrëppelt …

 

Véronique :  … oder vergëft ginn !

 

Michel : Halt op, iech iwwer den Hexemeeschter lëschteg ze maachen. Dee Mann gëtt sech vill Méi mat eis, hie mengt et gutt a léiert eis e ganze Koup!

 

Jeannie : Dat ech net laachen. Hie léiert eis iwwerhaapt näischt. Hie mécht all d’Zauberexperimenter selwer a mir däerfe just nokucken.

 

Edith: An déi richteg flott Experimenter, do wou et knuppt an dauscht, …

 

Véronique: … do wou et geféierlech gëtt, …

 

Edith: … do wou richteg eppes lass ass, Blutt sprëtzt a Kanner gebrode gin, …

 

Jeannie: … déi mécht e just mam 6. Schouljoer, sénger Lieblingsklass.

 

Michel: Mee Jeannie, esou ass dat. Als klengen Zauberschüler muss ee fir d’éischt d’ABC vum Zaubere léieren.

 

Annabella, Annarita, Annamaria: D’ABC vum Zauberen, a wat soll dat da sinn?

 

Michel: Ma ganz einfach, also, zum Beispill, wéi ee Waasser am Buedem fënd, mat wéi enger Temperatur ee muss déi verschidden Zauberwaassere kachen, an u wat een eng Hex erkenne kann!

 

Jeannie: O wéi almoudesch. Datt mir nach musse vun Hexe léieren.

 

Edith: Déi gëtt et dach schonns laang net méi.

 

Véronique: Déi sinn dach schonns längst ausgestuerwen!

 

2.   Dat klengt Hexeneinmaleins

 

Bei dëse Wiirder gëtt et däischter am Sall, en onheemlecht Donnerwieder geet lass, vun iwwerall héiert ee Stëmmen...

 

Du musst versteh’n,

Aus Eins mach Zehn.

Die Zwei lass geh’n.

Die Drei mach gleich,

So bist du reich.

Verlier die Vier.

Aus Fünf und Sechs,

So spricht die Hex’,

Mach Sieben und Acht,

So ist’s vollbacht.

Die Neun ist eins

 Und Zehn ist keins.

Das ist das Hexeneinmaleins.

 

 

Lidd2: Richteg Hexen

 

-         An de Märecher hunn d’Hexen ëmmer dier lächerlecher Hitt op a si reiden op ale Biesem duerch d’Luucht !

-         Mee dëst ass kee Märchen, dëst ass d’Realitéit, ob dier Minizauberer et gleeft oder net!

-         Mir schwätzen hei vu richtegen Hexen, déi haut nach liewen, déi nach net ausgestuerwe sinn.

-         Maacht elo äer Ouere wait op a vergiesst ni, wat mir iech elo verzielen.

-         Déi richteg Hexe sinn emmer Fraen. Si doe sech ganz normal un a si gesinn aus wéi déi meescht aner Fraen och.

-         Si wunnen an Häiser, déi näischt Aussergewéinleches u sech hunn an si hunn och ganz normal Beruffer.

-         Dofir ass et esou schwéier,  Hexen ze erkennen.

-         Eng richteg Hex haasst näischt méi wéi ee Kand. Hier ganz Zäit verbréngt si domadder, sech Pläng ze iwwerleën, wéi si d’ Kanner aus hierer Noperschaft ze paacke kritt !

-         An da léist si se mat grousser Freed verschwannen … vun engem Dag op dien aneren.

-         E ganzen Dag denkt si nëmmen dorunner. Egal op si Caissière an engem Supermarché ass, …

-         … Sekretäirin op engem Büro, Direktesch vun enger Zeitung oder esouguer eng vun dienen sëlleche Jofferen, déi elo esou schäinhelleg elei schmunzelen.

-         De Geescht vun all Hex ass just mat engem Gedanken ausgefëllt: wéi kann ech op d’mannst ee Kannd an der Woch verschwannen doen.

-         Eng richteg Hex sicht sech e Kand laang am Viraus eraus. Da schläicht se em et wéi eng Kaz.

-         Et héiert een se net. Op samette Pouten … du hëls se net an Uecht.

-         An da schléit se zou, op emol, ganz onerwaart fir d’Kand a séng ganz Famill : Zack, an dann ass d’Kand fort.

-         Mee dir musst wëssen, datt eng Hex e Kand net mat engem Messer erstécht, net mat engem Revolver erschéisst oder mat engem Gëft vergëft, nee, …

-         … esou Mäerder kéimen an de Prisong, mee Hexe komme ni an de Prisong.

-         Nee, déi richteg Hexe, vun diene mir hei schwätzen, loosen d’armend Kënndchen einfach verschwannen, …

-         … pluff, fort ass et.

-         Zum Gléck gin et net méi vill Hexen hei a Lëtzebuerg, an anere Länner gëtt et der méi. Mir schätzen, datt der nach 7 Stéck an eisem Land liewen, …

-         An dat eng dovunner, …

-         … mat Sëcherheet ….

-         ….  haut heibannen am Sall wäert sinn!

 

D’ Schüler sinn an hiere Bänke ganz no zesummegekroch a fäerten. Elo kënnt hieren Hexemeeschter mat der Hexemeeschtesch eran a laacht sech futti!

 

Hexemeeschter: Ma dier sidd mir jo Daaperer. Fir d’éischt grouss Téin späitzen vu richtegen Experimenter a Blutt dat sprutzt, an dann duckelen se sech zesummen, wéi dräi neigebuere Kannéngercher am Nascht!

 

Hexemeeschtesch : Jejeje! Wat en Aarmut !

 

Edith: Hexemeeschtesch, ass et eriwwer?

 

Hexemeeschtesch: Wat soll eriwwer sinn?

 

Jeannie: Dat schrécklecht Donnerwierder, dat wou se iwwer d’Hexe geschwat hunn ; ech hu bal an d’Box gemaach !

 

Hexemeeschter: Ma esou gesäis du mir aus. Mee de Programm vum 6. Schouljoer wëllen se iewer schonns léieren. Mir sinn hei an enger Zauberschoul!

 

Hexemeeschtesch:  Do geet et der Rei no! Net wéi an der Primärschoul.

 

Hexemeeschter: Do schreiwen d’Kanner schonns Geschichten ier se d’Buschtawen all kennen. Hei gëtt fir d’éischt d’ABC geléiert, an da kommen déi komplizéiert Saachen drunn. Elo hu mir jo gesinn, wéi dir iech den Hënner aus der Box gefaart hutt.

 

Hexemeeschtesch: Jejeje!

 

Véronique: Hexemeeschter, war dat do aus dem Programm vum 6. Schouljoer?

 

Hexemeeschter: A jo mäi Kënndchen. Hei an der Zauberschoul  léieren eis Schüler esou Saachen am 6. Schouljoer.

 

Jeannie: Hexemeeschter, ass dat dann och alles richteg, wat se do gesot hunn?

 

Hexemeeschter: Mee nu mach iewer emol e Punkt! Du wäers dach net mengen, mir géifen d’Kanner hei Dommheete léieren!? Alles wat mir de Schüler an eiser Zauberschoul verzielen, stëmmt ganz genee!

 

Hexemeeschtesch: Dibbelchersgenee! Jejeje!

 

Michel: Dat heescht, et gëtt nach 7 richteg Hexen hei am Land, an eng dovunner ass hei am Sall ?

 

Hexemeeschter: Elo  geet et duer mat deem Gedeessems. Elo hu mir genuch Zäit verluer! Haut hu mir Prüfung am Zauber-ABC. Dir schreiwt mir elo d’Nimm vunn diene wichtegsten Zauberpolveren aus dem Mëttelalter op e Blaatt. Esoulaang gin ech an d’Hexemeeschtesch eraus a mir këmmeren eis em d’6. Schouljoer.

 

Hexemeeschtesch: An dir wëst jo, wie knäipt ertappe mir direkt an eiser Kristallkugel.

 

Hexemeeschter: Zur Strof gëtt en dann fir 3 Deg an en Iesel verzaubert an e kann dem Bauer d’Stéck plouen. An elo lass!

 

Hexemeeschtesch: Jejeje!

 

 

3.   Äddi a merci!

 

 

Véronique : Ass en eraus ?

 

Jeannie: Ech gesinn e net méi!

 

Annabella, Annarita, Annamaria: Mir och net méi!

 

Jeannie: Geet et net nach e bësse méi haart?

 

Si halen op mat schreiwen, de Michel schreiwt nach weider.

 

Edith: Saublöd Prüfung! Déi wichtegst Zauberpolveren aus dem Mëttelalter. Hate mir déi iwwerhaapt ze léieren? Ech hu jiddefalls nach ni eppes dovunner héieren!

 

Véronique: Zauberpolveren aus dem Mëttelalter opschreiwen… datt dien Alen einfach net miirkt, datt mir wëllen zauberen a net béchsen.

 

Jeannie: Ech well mat den Zauberpolveren aus dem Mëttelalter Raten a Prinzessinen a Fräschen a Prënzen zauberen; mee ech well se net einfach opschreiwen! Dat ass mega-latzeg!

 

Michel: Sidd emol roueg, esou kann een sech jo guer net konzentréieren!

 

Jeannie: Esou kann een sech jo guer net konzentréieren… Hatt mecht de Michel no … nu so net, du wéist eppes ze schreiwen !

 

Michel : Nach ee Wuert, da rabbelt et !

 

Edith : Looss dee Streeben nëmmen, Jeannie, komm mir kucken emol, wat dien Alen elei alles stoen huet.

 

Si maachen e Schaf op an diem allerhand Fläschelcher a Béchse stinn.

 

Véronique: Wow, Jeannie. Kuck emol wat hei alles drasteet.

 

D’Edith hëlt eng Fläschelchen an d’Hand.

 

Edith: Krampfaderextrakt! A wat soll dat da sinn?

 

Jeannie: Kuck an hei:  getrocknete Froschblasen. A wat mecht een domat?

 

Véronique: Eselskötel, Schlangenbeine, Ochsenschnäbel,

 

Edith: Einhornsamen, … ech gi verréckt. Wat et alles gëtt?!?!?!

 

Annabella : Oder kuck hei :

 

Annarita: Nymphenlocken.

 

Annamaria: Elfenschleim.

 

Edith:  … ech well net bis an d’6. Schouljoer waarden, ier ech domat zaubere kann, ech well et direkt probéieren.

 

Annarita, Annabella, Annamaria: Passt op, e kënnt!

 

Den Hexemeeschter kënnt era luussen. Wéi de Blëtz sinn d’Kanner an hier Bänke geschoss a sëtzen elo braw do ze schreiwen, wann dien Alen erakënnt.

 

Hexemeeschter: An, alles an der Rei?

 

De Michel wëllt eppes soen, mee d’Jeannie  verdréint him hannert dem Réck den Arm an hien ass roueg.

 

Jeannie: Alles OK, Här Hexemeeschter.

 

Hexemeeschter: Dann ass et gutt, dir hutt nach 10 Minutten!

 

Knapps ass hien eraus, sinn d’Edith, d’Véronique  an d’Jeannie beim Zauberkessel.

 

Edith: Sou, an elo gëtt emol richteg gezaubert!

 

Michel: Nee, dat däeft dir net maachen !

 

Jeannie : Ma da pass elo iewer emol gutt op.

 

Edith : Sou fir d’éischt den Zauberkessel op 777 Grad, …

 

Véronique: … an dann e bësse Frellenhoer mat Pissblummesaaft drann …

 

Michel : Nee, Edith, maach dat net !

 

Edith: Roueg Michel, elo knuppt et geschwënn!

 

Jeannie: An och nach Skorpiounsoueren, schoulmeeschteg Spaut, …

 

Véronique: … igitt, an dann nach eng gutt Portioun gepresste Schwéiermammszonge.

 

Michel: Haalt elo op, ech fäerten!

 

Jeannie: O, eise klenge Michel fäert.

 

Annabella, Annarita, Annamaria: Dat deet eis iewer Leed.

 

Edith: Ei, wéi dat schonns brutzelt.

 

Véronique: Ei , dat riicht richteg gutt!

 

Edith: Elo feele just nach déi ugesaaten Zeiweneel a nach e puer Päerdsäppel. Da kann et lass goen!

 

Jeannie : Hei hunn ech nach zwou Zejomessekrëngelen, déi passen och nach gutt drann!

 

Véronique: Jo, wat ee Genooss!

 

Edith:  Mengs du, mir kënnte schonns eng Grimmel schmaachen?

 

Michel: Mir geet et elo duer. Ech gi bei den Hexemeeschter.

 

Edith: Michel, du bass e richtege Spillverdierwer!

 

Jeannie: Ech wëllt du wiers am Land wou de Peffer wiist!

 

Annarita, Annamaria, Annabella, Edith, Véronique: … jo, am Land wou de Peffer wiist!

 

Bei dëse Wierder donnert et nees eng Kéier ganz zolitt, an de Michel ass fort. D’Meedercher siche no him.

 

Edith: Michel, wou bass du?

 

Véronique: Michel, komm, et ass gutt, mir halen op.

 

Edith : Michel, dajee, dat do ass guer net witzeg.

 

Jeannie: Heiansdo fannen ech, geet de Michel mat senge Witzen e bësse wäit, …

 

Annamaria: … da wees hie net, wéini et genug ass!

 

Edith: Michel, du kanns elo kommen, du hues gewonnen.

 

Jeannie : So Edith …

 

Edith: … jo Jeannie …

 

Jeannie: Edith , ... ech mengen de Michel ass wirklech fort!

 

Edith: So, Jeannie …

 

Jeannie:  … jo Edith …

 

Edith: Jeannie, ... wou soll en da sinn?

 

Jeannie: Fort!

 

Annamaria, Annarita, Annabella: Fort?

 

Véronique: Jo, fort, …

 

All: ... am Land wou de Peffer wiist.

 

Si kucken sech un, halen d’Hand virun de Mond a soe guert näischt méi !

 

©Roland Meyer

 

ZRECK

 

Wann dir méi wëllt gewuer gin, da kommt kucken ….J